Vegan Lunch 2016

Publié le

déi gréng Schëffleng, Vegan Society a Saarbucks lueden an op onsen
 
VEGAN LUNCH
 
de 6. November 2016 ab 11h30 zu Schëffleng am Veräinshaus an der Rue de la Forêt
 
No eisen 2 éischten Editioune proposéiere mir Iech dës Kéier ee Buffet mat Platen aus verschiddene Länner aus Europa an aus dem mëttleren Orient.  
 
Kommt also laanscht op eise “Vegan Lunch”, wou déi gréng Schëffleng zesumme mat  Frënn a mat der Ënnerstëtzung vu Vegan Society Luxemburg a Saarbucks een 100% vegane Buffet 
proposéieren, a loosst Iech iwwerraschen.
 
De Museker Krzysztof Krysinski suergt vun 11h30 un fir eng flott Atmosphäre.
 
D’finanziell Participatioun läit bei 20€ pro Persoun (15€ fir Kanner tëschent 4 an 12 Joer). An dësem Präis hutt dir de komplette 
Buffet souwéi eng Karaff Waasser abegraff.
 
Umelle kënnt Dir Iech bis spéitstens den 30. Oktober 2016 per E-Mail beim Albert KALMES (jkalmes [at] pt.lu (subject: Umeldung%20Vegan%20Lunch%202016) ) an duerch bezuele vun Ärer finanzieller Participatioun op de Compte vun déi gréng Schëffleng CCPLLULL LU95 1111 2542 7538 0000
mat der Motioun VL 2016 an Zuel vun de Participanten
 
Hutt dir nach Froen? Dat schreift een E-Mail oder rufft einfach un um 621 209 826 (Albert Kalmes).